Wat de Bauer net kennt… (RTL.lu – Lëtzebuerg) Lëtzebuerg bleift héich op der Expat-Hitparade

Lëtzebuerg ass eent vun deene Länner an dat Auslänner gäre wunnen a schaffe kommen. Allerdéngs wier et problematesch Kontakt mat deene Leit ze kréien, déi hei gebuer sinn.

Am Grand-Duché gefält den Expatriéierte virop d’Beruffsliewen.

3/4 vun de Leit, déi sech hei néiergelooss hunn, sinn der Meenung, datt dee Schratt ganz positiv fir hir Carrière war.

Méi wéi d’Halschent ass och zefridde mam Revenu, dee géif méi wéi duer goen, och wann d’Liewenskäschten zu Lëtzebuerg héich sinn.

Wat der Etude no awer net ideal ass, dat ass den Zwëschemënschleche Kontakt. Et wier zu Lëtzebuerg schwéier nei Frënn ze fannen.

Dat soll awer net heeschen, datt d’Lëtzebuerger onsympathesch sinn, InterNations no léich dat éischter drun, datt d’Halschent vun de Leit déi hei liewen Auslänner sinn, an datt si och éischter Frënn bei den Expatriéierte fannen.

De Grand-Duché huet och bannent deem leschte Joer 3 Plazen am Ranking verluer.

Singapore ass just viru Lëtzebuerg am Klassement. Do schätzen d’Leit d’Liewensqualitéit, notamment d’Sécherheet. Op drëtter Plaz ass Malta, do loosse sech Leit aus dem Ausland och virun allem wéinst der Aarbecht néier an op der zweeter an der éischter Plaz si Mexico an den Ecuador. Als Auslänner fillt ee sech, der Etude no gutt do opgeholl an et ass einfach nei Frënn ze fannen.

via RTL.lu – Lëtzebuerg – Lëtzebuerg bleift héich op der Expat-Hitparade.